Ons Cheffe si benevol a maachen eng Formatioun déi 2 Joer dauert, aus prakteschen an theoretesche Course besteet a vum Lëtzebuerger Stat unerkannt ass.
Hei e puer Beispiller vu Coursen, déi 5 bis 6 Deeg pro Joer daueren:
- Wéi organiséieren ech e Camp, eng Versammlung?
- D‘ Roll an d‘ Responsabilitéite vum Chef.
- D‘ Entwécklung vum Kand oder vum Jugendlechen.
- Animatioun, Naturpädagogik, Progressioun, Administratioun, Kommunikatioun.
- Scoutstechniken: Kaart a Kompass, Hygiene, Spiller, Lidder, Bastelen, Kniet.