Beaver

 

Den éischten Schrëtt an den Scouten maachen déi meescht Leit an den Beaver. Kanner vun 5 bis 8 Joer bilden hei all zesummen eng Kolonie Beaver déi zesummen vill Saachen erliewen. Ënnerdeelt an Dämm fir déi jeeweils een Chef zoustänneg ass leieren sie sech an engem Grupp upassen, déi aner respektéieren an zesummeschaffen.


All Woch treffen sie sech fir zesummen ze spillen, ze bastelen, Natur ze entdecken an kleng Deeler vum Scoutismus ze entdecken. Hinnen geet et virun allem drëm zesummen eng flott Zäit ze verbréngen, guidéiert vun hiren Cheffen déi probéieren hinnen verschidden Wäerter wei Respekt, Toleranz, Solidaritéit,… méi no ze bréngen.


Dat ganzt fënnt am Kader vun der Geschicht ‚Frënn aus  dem Besch‘ statt, eng Geschicht an där eng Beavercolonie an eng Mënschefamill sech kennen léieren an hier géigesäiteg Liewensstiler entdecken. Puer mol Joer hunn Beaver och Méiglechkeet ganz Deeg oder souguer Campen mateneen ze verbréngen an sou nach méi zesummen ze wuessen an nei Erfahrungen ze maachen.

 

Beavergesetz:

  • E Beaver ass frou.
  • E Beaver ass fläisseg.
  • E Beaver denkt un d’Natur.
  • E Beaver hëlleft iwwerall.

©2011 Rammericher Fraeschen